Sief et an de Wisen op dem Site vu Munzen am Summer, oder an der Zär am Wanter, den Tiago huet eng grouss Freet dru fir seng Gaardenaarbecht ze maachen. D’Personal, wat hien encadréiert, ass "ËMMER DO", an et weess genee wéi eng Aufgabe fir den Tiago ze maache sinn.
Hien huet natierlech och Momenter wou hien sech vu senger Aarbecht relaxéiere kann. Während deene Momenter ass hie ganz frou mat den Educateuren a wéisst hinnen seng Liewensfreed. Obwuel hie ganz gutt matmécht bei allen Aufgaben, sinn eis Educateuren "ËMMER DO" fir seng Sécherheet ze assuréieren.
Den Tiago ass ganz zefridden am Gaardenatelier
De Reech mat béiden Hänn ze féieren, de Wee ze botzen oder mat der Schubkar ënnerwee ze si fir déi rofgefale Blieder opzesammelen, ass néideg fir dass gutt a schéi Geméis an eisem Gaart wuesse kann. Dat Geméis gëtt da benotzt fir d’Iessen an de Wunnfoyeren ze preparéieren oder fir Gebeess ze maachen, dat dann op eise Stänn verkaf gi kann.
Eist Personal ass "ËMMER DO" a stellt sécher datt hien déi passend Kleeder unhuet fir déi Aarbecht ze maachen. D’Sécherheet ass wichteg. Soubal hien ukënnt moies wiesselt hie seng Kleeder am Vestiaire, éier säi Schaffdag ugeet. Dës Aarbecht, déi och eng Team-Aarbecht ass, gëtt gutt iwwerwaacht. Eist Personal ass "ËMMER DO", vun dem Moment un wou hien op dem Site ukënnt bis säin Depart fir dann gutt ze raschten.
Dem Tiago seng Aabescht ass positiv fir déi aner Bewunner
Wéi op all Aarbechtsplaz, gëtt et eng Ofwiesslung tëschent physescher Aarbecht an enger Aarbecht déi méi Präzisioun fuerdert.
Den Tiago féiert och ganz gutt de Pinsel. Et ass net onbedéngt eng méi einfach Aarbecht, well den Tiago sech konzentréiere muss fir all Eck unzesträichen an d’Holzpannoe ganz unzemolen. D’Educateure si sech bewosst dass dat alles méi ustrengend fir den Tiago ass, dofir si si "ËMMER DO", fir ze kucken dass d’Aarbecht gutt gemaach gëtt a fir den Tiago ze encadréieren.