top of page
_MCB4934.jpg

Fir de Jérémy, ass d’Schaffen am Daageszenter ënnerdeelt mat Momenter vu Spaass a Spill. Eist Personal ass "ËMMER DO" fir opzepassen dass de Jérémy seng Aktivitéiten no dem Agenda vum Dag ofschafft. De Jérémy schafft am Atelier vun der Wäschkichen. E fëllt d’Maschinne mat Wäsch op an faalt déi propper gewäsche Wäsch. Fir sech ze relaxéieren, ginn him verschidde Spiller vun eisem Personal ugebueden. De Jérémy huet déi einfach Spiller am léifsten, besonnesch déi mat staarke Faarwen.

Mir kontrolléieren dass d’Faarwen esou wéi d’Formen gutt zesumme passen. Esou gëtt hie positiv stimuléiert a hien ass erëm fit fir weider ze schaffen. Mir sinn "ËMMER DO" fir hien ze ënnerstëtzen an hien ze encadréieren.

De Jérémy huet einfach Spiller gär

IMG_20180424_121941.jpg

Et geet näischt Besseres wéi e gudde Moment ronderëm eng gudd Kéistaart an engem Gedrénks ze setzen. E rouege Moment, deen de Jérémy gutt genéisse kann, och hei ëmmer iwwerwaacht vun eisem Personal. Dës eent-zu-eent Betreiung brauch wesentlech méi Personal, mee mir mussen "ËMMER DO" si fir Bescht méiglechst op dem Jérémy a senge Kollege hir Bedürfnisser reagéieren ze kennen.

Sou privilegéiert Momenter entspanen de Jérémy och, sou ass hie méi roueg an huet vill manner Stëmmungsschwankungen am Laf vum Dag.

De Jérémy genéisst en entspaante Moment

IMG_6430.JPG

D’Gruppenausfliich, wéi zum Beispill an de Restaurant goen, maachen dem Jérémy keng Angscht. Hien ass oft gutt gelaunt an dat héiert sech oft haart un. Seng staark Stëmm kann heiansdo e Problem si fir de Recht vun der Grupp.

Eist Personal ass "ËMMER DO" a weess genee wéi een hie berouege kann, esou dass de ganze Grupp sech amuséiere kann. "ËMMER DO" sinn sou dass, de Jérémy e Maximum Spaass hunn kann, dat ass de Bestanddeel vun den Aufgabe vun de Leit déi hien encadréieren. Si sinn "ËMMER DO" fir de Jérémy mä och fir seng Kollegen.

De Jérémy appreciéiert d’Sortië mat senge Kollegen

bottom of page