top of page
_MCB5062.jpg

D’Renée gëtt vun Dag zu Dag gutt encadréiert vun eisem Personal dat sech gutt em hatt këmmert. Dat kann een op sengem Gesicht liesen.

All Persoun déi mir treffen ass eenzegaarteg an dat ass och de Fall fir d’Renée a seng Kollegen. Obwuel si hiren Alldag net autonom liewe kennen, hu si vill freet drun hier successive Aufgaben am Bastelatelier ze maachen. D’Kaarte si wonnerschéin an et beweist dass mat enger regelméisseger Begleedung groussaarteg Saache méiglech sinn.

Dat zoustänescht Personal ass "ËMMER DO" do fir d’Sécherheet vum Renée an senge Kollegen ze garantéieren. Mir sinn "ËMMER DO" daagsiwwer fir d’Aktivitéiten am Daageszenter ze dirigéieren. "ËMMER DO" vum Ufank vum Dag un bis zum Sonnenënnergang an och während dem Iessen an de Foyeren. "ËMMER DO" och an der Nuecht falls e Problem mam Schlof ass.

D’Renée ass gutt encadréiert

DSC04847.JPG

D’Praxis vum Sport ass obligatoresch fir eng dynamesch Muskulatur ze behalen. D’Renée meeschtert spilles Exercicer vum Gläichgewiicht, an och méi ustrengend Exercicer vum Typ Kardio schafft d’Renée. Jenodeem, well sportlech Bedürfnisser virleien, ginn dem Renée seng Sportsaktivitéite virgeschriwwen. Och bei deene physeschen Übunge steet d’Renée ënner der Kontroll vun enger Persoun déi "ËMMER DO" ass. Déi Persoun weisst him wéi een d’Exercicer propper mécht a verbessert hatt wann néideg.

Mir gesinn um Renée senger Freed, datt d’Exercicer him Spaass maachen an datt et wichteg ass regelméisseg Sport ze dreiwe fir fit, monter a gesond ze bleiwen.

Renée mécht regelméisseg Sport

IMG_1063.JPG

De Foyer zu Munzen läit an enger wonnerschéiner Landschaft. Wann d’Renée op d’Terrasse geet huet hatt en herrlechen Ausbléck. Mee näischt geet iwwert e flotte Spadséiergang duerch d’Natur mat den Educateuren.

Sech an der frëscher Loft ophalen, op de Lafrhythmus muss opgepasst ginn, fir dass ee mat Zäiten zeréck am Foyer ass fir d’Iessen ze preparéieren. Et ass "ËMMER" eng Persoun DO fir sécher ze sinn, dass alles gutt klappt an d’Renée duerch seng Aktivitéiten opbléie kann. Hatt ass all Kéier erëm erstaunt vun deem wat d’Natur eis ubitt.

Renée mécht regelméisseg Sport

bottom of page